D‘Helene kann iwwerall Musek ervir zauberen. Alles kléngt. Och dem Alex oder dem Mirella säi Kierper mécht Geräischer, wann d‘Helene drop tuppt. D’Alex oder d’Mirella beweegt sech, hatt danzt ouni op d’Tuppe vum Helene ze waarden. D’Helene sicht doropshin no aner Weeër fir Musek ze maachen. En besonnescht Zesummespill tëschent Danz a Musek entsteet. D‘Musek reagéiert op den Danz an den Danz op d’Musek. En Dialog vu Stëmmungen, Konflikter an Frëndschaft entwéckelt sech zu enger wonnerbarer Atmosphär. E Fest fir d’Aen an d’Oueren. Déi hollännesch Danzkompanie De Stilte ass spezialiséiert op Produktiounen fir déi ganz Kleng an ass reegelméisseg am CAPE, dës Kéier mat hirer neier Kreatioun.

Informatiounen fir d’Elteren:

  • Adress: Centre des Arts Pluriels Ettelbrück, 1 Place Marie-Adélaïde, L9063 Ettelbruck. Web: www.cape.lu. Tickets: Telefon 26812681 oder Mail billeterie@cape.lu
  • De Spektakel ass fir Kanner vu 4 bis 6 Joer geduecht.
  • Tariffer: 12 Euro Normaltarif, 6 Euro Jugendtarif, 1,5 Euro mat Kulturpass.
  • Plaze ginn et nach fir d’Virstellungen um 16.30 de 4. an de 6. Mee.