Dir hutt Loscht de formidabelen Musée d’art moderne um Kierchbierg a seng Ausstellungen an der Famill ze entdecken? De Mudam proposéiert vill Aktivitéiten fir e jonke Public, besonnesch wärend der Péngschtvakanz.

Wéi zum Beispill de Mudam GO! Studio by O.S.T. all Dag vun 10.00 bis 18.00 vum 22. Bis den 30 Mee. Et ass en Atelier fir Jonk an Al mat Observatiounsspiller a vill Aktivitéiten. Den Artistekollektiv O.S.T. (Oiseaux Sans Tête) inspiréiert sech un de mageschen Effekter déi d’Wierker vum William Kentridge op d’Spectateuren kënnen hunn an invitéiert Klenger a Grousser d’fantastesch Welt vun den Illusiounen ze entdecken. O.S.T. invitéiert esou d’Visiteuren, déi onendlech a magesch Méiglechkeeten vum “Green Screen” ze entdecken, eng Technik aus dem Kino, déi op den Ufank vum 20. Joerhonnert zréck geet an op de Realisateur an Illusionist Georges Méliès. Dee Spektakel ass fir Leit ab 6 Joer geduecht. En ass op 3 Persoune gläichzäiteg begrenzt. D’Persoun, déi de Mannerjäregen begleet, zielt als Participant.

D’Formule “Visitt fir Kanner mat Boma a Bopa” ass och fir Leit ab 6. Dee nächste Rendezvous hei ass de 24. Mee vun 15.00 bis 15.45 (op Lëtzebuergesch). En Visitt op Franséisch ass fir de 26. Mee vu 15.00 bis 15.45 geplangt.

De 27. Mee steet d’Aktivitéit “Bringing objects to life” (10.00 bis 12.00 fir Kanner vu 9 bis 12 Joer; 14.30 bis 16.30 fir Kanner vu 6 bis 8 Joer) am Kader vun der Expo “More Sweetly Play the Dance” vum William Kentridge um Programm. Wéi dem William Kentridge seng Kanner nach kleng waren, huet hien hinnen fir hir Gebuertsdeeg Marionette gebastelt mat Saachen, déi am Haus waren. Kommt a gitt Alldagsgéigestänn en neit Liewen mat enger extraer Animatiounstechnik.

Den 28. Mee ass eng Visitt fir Kanner op Lëtzebuergesch (15.00 bis 15.45). Deen Dag steet och d’Liesung “Mystères aux Musées” op Franséisch mam Marie-Isabelle Carlier um Programm, mat dono enger Aktivitéit am MudamStudio. “Mystères aux Musées” erzielt d’Geschicht vun engem jonke Faun a sengem Hond, déi an der Nuecht aus dem Nationale Geschichts- a Konschtmusée fortlafen. Si entdecken dann d’Haaptstad a verstoppen sech am Casino Luxembourg – Forum d’Art Contemporain, am Lëtzebuerg City Museum, am Mudam Luxembourg – Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean, am Musée Dräi Eechelen, am Musée national d’histoire et d’art an an der Villa Vauban – Musée d’art de la ville de Luxembourg. Dës Aktivitéit ass fir Kanner vun 6 bis 8 Joer.

Ofschléissend weise mer nach op eng aner Manéier hin fir de Musée d’art moderne ze entdecken: lauschtert dat ganzt Joer 2021 iwwer déi originell Märercher déi d’Luisa Bevilacqua ronderëm d’Wierker vun der Collection Mudam imaginéiert huet. Hei ass de Link: soundcloud.com/mudamlux

Informatiounen fir d’Elteren:

  • Reservatioune si méiglech op visites@mudam.com oder per Telefon op 453785531
  • Méi Informatiounen: www.mudam.com