Alle Dag nëmme Spéin, Seemiel a maximal nach ee Witz, deen een dem Meister Eder spille kann – dat ass zwar ganz schéin, mee de Pumuckl wëll méi. An op d’Mier! E well op de Welle schaukelen an d’Séiloft a senge rouden Hoer spieren.  Sou kann hien säi Gléck net faassen, wéi de Meister Eder bei engem Concours eng Schëfffaart gewënnt. Wäert de Pumuckl vläicht endlech aner Kobolden oder esouguer déi berüümte Klabauter um Schëff treffen? Nach ahnt hien net, datt genee déi Séigeeschter hannert dem Lousgléck stiechen an de Pumuckl absichtlech op d’Schëff gelackelt hunn, fir hien an d’Déiften vum Mier zréckzezéien. Well e Kobold, dee bei Mënsche lieft, dat geet dach net! Schëff oder Atelier? Klabauterliewen oder Meister Eder? De Pumuckl muss sech decidéieren.  

An “Pumuckl zitt d’grousst Lous” erlieft de klenge Kobold aus dem Fernsee elo op der Theaterbün vläicht säi gréissten Abenteuer, fir domat och d’Kannerhäerzer vun haut am Stuerm ze erueweren 

Informatiounen fir d’Elteren:   

  • D’Virstellung fënnt de Sonndeg 6. Juni ëm 14.30 an um 17.00 am Cube 521 zu Maarnech staat, 1, Driicht, L-9764 Maarnech. Reservatioun:  Tel.: +352 521 521. E-Mail: info@cube521.lu.  
  • Dëst Familljestéck op Däitsch mat Musék vum Ellis Kaut an enger Inzenéierung vum Mirko Schombert fir d’Burghofbühne Dinslaken ass fir grouss a kleng Kanner ab 4 Joer. D’Sprooch ass Däitsch.  
  • Präisser: Erwuessener: 12.00 €. Grupp: 10.00€. < 26 Jahren: 6.00€