Wat geschitt, wann een op der Strooss eng Kanéngchen fënnt, déi sech net méi beweegt a ganz platt ass? Wat kann een, wat muss een lo maachen? Eppes ass  fir d’Rat an den Hond kloer: dat Déier muss vun der Strooss fort, awer wouhin? An dann?

Op enger dréibarer Dëschbün gëtt mat Marionetten a Projektiounen d’Geschicht vun engem matfillenden, trauregen a virun allem immens komesche Begriefnes verzielt. Et ass längst keen Tabu méi, och kleng Kanner schonn mat dem Thema Dout ze konfrontéieren. Den Duersteller, Ausstatter a Figurebauer Christian Glötzner mécht et ënnert der Regie vum Frank Soehnle komesch, poetesch an e bësse pathetesch.

D’Virstellung am Mierscher Kulturhaus ass den 20. Mee vun 15.00 bis 15.45.

Informatiounen fir d’Elteren:  

  • De Spektakel ass fir Kanner am Alter vu 4 bis 10 Joer gëeegent.   
  • Et dauert ronn 40 Minutten. D’Sprooch ass Däitsch.  
  • Reservéiert Är Plazen am Viiraus bei Luxembourgticket: T. 47 08 95 1 (10.00 –18.30) oder op www.luxembourgticket.lu. Dir kënnt awe och direkt am Mierscher Kulturhaus reservéieren T. 26 32 43 1 (10.00 -12.00 / 14.00 -17.00) oder per Mail: info@kulturhaus.lu.    
  • Ticket: 12 Euro. Reduziert: 6 Euro. Kulturpass: 1,5 Euro.   
  • Méi: www.kulturhaus.lu/de/agenda/caku-kannerprogramm/das-platte-kaninchen/15/eid,1584/das-platte-kaninchen.html