Am DemokratieLabo bitt sech d’Geleeënheet iwwer Är Virstellunge vun Demokratie, Är Iddien, Iwwerzeegungen an Erfarunge betreffend d’Demokratie nozedenken. D’Ausstellung, organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung, luet zur Diskussioun iwwer d’Vilfalt vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an d’Funktiounsweis vun eisem politesche System an. Opgegraff gi Froen ronderëm Identitéit a Virurteeler, Fräiheet, Ongläichheeten a Gerechtegkeet zu Lëtzebuerg.

Am Virdergrond steet net déi institutionaliséiert Säit vun der Demokratie (Wéi lafe Walen of? Wéi setzt sech eng Regierung zesummen? Wat ass eng Verfassung? A.s.w), mee déi tëschemënschlech (Wéi gi mir matenaner ëm? Wat ass eigentlech meng Meenung? A wat maache mer, wa mir eis net eens sinn?) an déi gesellschaftlech (Wéi eng Roll spille Medien? Wat bedeit Digitaliséierung fir eng Demokratie? Wéi reagéiert eng Demokratie a Krisenzäiten?). D’Visiteuren erfuerschen d’Spannungsfelder vun enger demokratescher Gesellschaft a stelle fest: “Dat huet eppes mat mir ze dinn!”

Wéi an engem echte Labo luet den DemokratieLabo zum Experimentéieren, Entdecken an Analyséieren an. Den Objet vun der Beobachtung ass d’Demokratie. D’Ausstellung ass interaktiv a méisproocheg (Däitsch, Franséisch an Englesch). Hand uleeën an Diskussioune sinn ausdrécklech erwënscht.

Informatiounen zum Besuch:  

  • Adress: Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, 28 Rue Münster, L2160 Luxembourg. Ëffnungszäiten: vu méindes bis sonndes vun 10.00 bis 18.00.  
  • Den DemokratieLabo riicht sech souwuel u Jugendlech ab 12 Joer an Erwuessener.  
  • Familljen, Gruppen a Schoulklasse si wëllkomm! Ënner dräi verschidde Routen fënnt all Visiteursgrupp, déi fir si gëeegent.  
  • Méi Infos: www.demokratielabo.lu