Déi interaktiv Ausstellunge erzielt d’Geschicht vun engem Virus – vun der Entstehung bis zu senger Bekämpfung – dat am Beispill vun engem Virus, den am Moment net méi aus dem Alldag ewech ze denken ass, dem COVID-19-Virus. An den dräi Themeraim ginn déi verschidden Etappen vun der Erkennung vun der Problematik bis hin zur Léisung an der Ëmsetzung dovunner beschriwwen.

D’Kanner ginn dobäi aktiv an d’Ausstellung agebonnen a ginn esou zu wichtegen Acteuren, duerch déi d’Geschicht vun der Ausstellung lieft. Et gi wëssenschaftlech Themen a Methodicken vermëttelt, déi an dem Kader och nach mat Workshops vun de Wëssenschafterlinnen a Wëssenschaftler vun “Déi kleng Fuerscher” verdéift ginn. Fir bei d’Ausstellung ass en interaktive Katalog erstellt ginn.

An Zesummenaarbecht mat: Déi kleng Fuerscher, DUKTOR Design Studio, Printing Ossa. Mat der Ënnerstëtzung vum FNR – Fonds national de la Recherche Luxembourg. D’Veranstaltung fënnt am Respekt vun deenen vun der Regierung veruerdneten aktuellen Hygiènes- a Virsiichtsmoossname statt.

An dësem Sënn w.e.g. reservéieren. Eng Participatioun ouni Reservatioun virdrun ass leider net méiglech.   

Informatiounen fir d’Elteren

  • D’Kulturhaus Nidderaanwen ass op 145, route de Trèves, L-6940 Niederanven. Telefon: 003522634731. E-Mail: info@khn.lu. Websäit: www.khn.lu 
  • Dohinner kënnt ee mam Auto iwwer d’Autobunn A 1 Tréier-Lëtzebuerg. Ausfaart 9: Zone industrielle Nidderaanwen-Mënsbech. Richtung Nidderaanwen. Oder Sortie 11: Senningerbierg-Findel, weiderfueren op der N1. D’KHN läit direkt vis-à-vis vum Supermarché, wou ee parke kann. De KHN huet zwou Parkplazen fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit.
  • Mam Bus: Arrêt Nidderaanwen – Routscheed, Linn 125 (Lëtzebuerg – Ueweraanwen – Itzeg), Linn 140 (Lëtzebuerg – Canech), Linn 135 (Lëtzebuerg – Gréiwemaacher), Linn 130 (Lëtzebuerg – Gréiwemaacher), Linn 128 (Lëtzebuerg – Jonglënster), Linn 142 (Lëtzebuerg- Muttfërt).
  • D’ interaktiv Ausstellung riicht sech u Kanner tëschent 6 an 11 Joer. Den Entrée ass fräi. Ëffnungszäiten: Dënschdes-Samschdes, 30.06.-28.07.2021: 14.00-17.00 
  • Méi zum Thema gëtt et hei