D’Sprooche vun Danz a Molerei stinn am Mëttelpunkt vun der Kreatioun mam Titel Humanimal. D’Dänzerin Benedicte Mottart entwéckelt an enger eegener Choreographie mat Faarf a Beweegung eng Performance zu Live-Musek vum Jérôme Magnée.

Virun engem wäisse Läinduch steet e Kand a fänkt un, eng nei Welt ze erschafen – mat sengem Kierper a schwaarzer Faarf. Sou entsteet lues a lues en Universum aus Bëscher, Wolléken, Villercher a Walen. Geschwat gëtt wärend dëser Performance net. Als Begleedung héiert dir Musek, déi speziell fir Humanimal geschriwwe gouf. An dësem Spektakel geet et och ëm d’Positioun vum Mënsch a senger Emwelt – e Spektakel fir Kanner, déi prett si fir en Abenteuer.

Niewebäi gesot, krut Humanimal 2018 beim Theaterfestival fir Jonker zu Huy an der Belsch eng Spezialmentioun vun der Jury ausgezeechent.

Informatioune fir d’Elteren :

  • U wien adresséiert sech Humanimal? U jidderee vu 6 Joer un.
  • Wéini gëtt de Spektakel opgefouert? Sonndes, de 16. Mee um 16:00 Auer (50 Minutten).
  • Wou? Am Escher Theater.

Weider Informatiounen a Reservatioun op dëser Säit (et muss ee sech schrëftlech umellen, fir eventuell e Billet ze kréien).