D’Mama Muh ass ganz anescht wéi déi aner Kéi. Wärend déi eng zefridden op der Wiss hiert Gras knaen, ass d’Mama Muh ëmmer op der Sich no neien Aventuren. Awer déi meescht Saachen maachen eebe méi Spaass, wann ee se mat engem Frënn erliewe kann. Dofir iwwerriet d’Mama Muh d’Kréi aus dem Kréiebësch, zesumme mat hir op Entdeckungsrees ze goen. 

D’Stéck no enger Geschicht vum Jujja Wieslander a Sven Nordqvist gëtt de 27. Juni um 14.00 an um 16.00 am Cube 521 zu Maarnech vum Westfälischen Landestheater opgefouert. 

Informatioune fir d’Elteren: 

  • D’Stéck op Däitsch ass fir Kanner ab 4 Joer. 
  • D’Reservatioun ass obligatoresch: Email info@cube521.lu oder Tel.: + 352 521 521 (Cube 521)  
  • Präisser: Vollen Tarif: 12 Euro, Gruppentarif: 10 Euro, Persounen ënner 26 Joer: 6 Euro. 
  • D’Adress vum Cube 521 zu Maarnech ass: 1, Driicht L-9764 Marnach, www.cube521.lu