D’Mina wunnt an engem grousse Schlass, an dem fréier och de Beethoven als Gaascht vum Fürst Lichnowsky gewunnt huet. Dem Mina säi Frënd, de Viktor, e faarwegt a gutt gelaunten Fuebelwiesen, wunnt scho säit laanger Zäit am Schlass. Et huet deemools de Ludwig van Beethoven héchstperséinlech kenne geléiert a weess e puer lëschteg Anekdoten ze erzielen…

Fir den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven huet den Trio Dora an Zesummenaarbecht mam Catherine Hengesch a mam Jenny Spielmann eng musikalesch Opféierung geschafen, an der d’Kanner d’Musek an d’Liewe vum Komponist op spilleresch Aart a Weis entdecke kënnen. Héierend an héiergeschiedegt Kanner ginn ugespornt, sech aktiv un der Sich no der verluerener Melodie vum Trio No. 3 Op 1. vum Beethoven ze bedeelegen.

Informatiounen fir d’Elteren

  • Opféierungen: Sonndeg, 27, Juni, 15.00. Dënschdeg, 6. Juli, 15.00.
  • Op Lëtzebuergesch. Iwwersetzung an däitsch Gebäerdesprooch. Dauer vum Spektakel: 50 Minutten.
  • Ticket: 16 Euro (reduzéiert: 8 Euro, mat Kulturpass 1,5 Euro).
  • Reservatioun:  T. 47 08 95 1 (luxembourgticket.lu)
  • Adress: 53, rue G.-D. Charlotte, L-7520 Mersch, Tel.: 26 32 43-1, Web: www.kulturhaus.lu. E-Mail: info@kulturhaus.lu