Wéinst Covid-19 kann d’Waasserfest 2021 net wéi soss stattfannen. Als Alternativ bitt den Naturpark Öewersauer den 8. an 9. Mee verschidde Workshops an Aktivitéiten ronderëm d’Thema Waasser un, verdeelt an de sechs Gemengen vum Naturpark.  

Et gëtt geféiert Wanderungen ronderëm verschidden Aspekter vum Waasser, Sport an a ronderëm de Stau an dat beléiften Flooss-Rennen op der Sauer. Dat gëtt allerdéngs ouni Publikum ausgedroen. Nach bis den 11. Mee kënnt dir äert Flooss am Naturpark ofginn. Et lount sech, matzemaachen, well wéi alle Joer ginn et erëm flott Präisser ze gewannen. 

Opgepasst: D’Fläch vun de Floosser  duerf net méi grouss wéi en DIN A4-Blat sinn.  

De ganze Programmvun den Aktivitéiten fir d’Waasserfest – mat enger klenger Bauuleedung fir e Flooss – gëtt et hei.

Informatiounen fir d’Elteren:  

  • D’Umeldung bei de Aktivitéiten ass obligatoresch.  
  • D’Gewënner vun der Waasserflooss-Regatta gi vum Naturpark-Team kontaktéiert an déi agereechten Floosser kënne vum 22. Mee un erëm am Naturpark ofgeholl ginn.  
  • Méi Informatiounen: www.naturpark-sure.lu