D’Visiteuren hunn d’Méiglechkeet, d’Comics a verschidde Sproochen ze liesen, hire Feedback ze ginn an e Buch mat de Comics matzehuelen fir si mat hire Frënn a Famill ze deelen. D’Comics sinn vun 23 Dokterkandidaten vun der Uni Lëtzebuerg zesumme mat professionell Comic-Kënschtler aus Lëtzebuerg a villen anere Participanten entwéckelt ginn. Déi jonk Wëssenschaftler studéieren a verschidde Felder vu Wëssenschaft a Fuerschung.

Duerch d’Comics hunn si en ënnerhalsame Wee fonnt fir iwwer Fuerschung ze schwätzen, ze weisen, wat Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg sou maachen a wéi d’Wëssenschaft nëtzlech ass am Alldagsliewen. Dës Comic-Produktioun ass ënnert dem Lead vum DESCOM-Projet realiséiert ginn. Doctoral Education in Science Communication (DESCOM) ënnerstëtzt d’Interaktioun tëschent der akademescher Welt an dem Grand Public duerch verschidden Trainingen fir wëssenschaftlech Kommunikatioun.

D’Produktioun vun de Comics gouf ënnerstëtzt vum der Doctoral School in Science and Engineering, der Faculty of Science, Technology and Medicine and dem Fonds National de la Recherche, Luxembourg.

Informatiounen fir d’Elteren

  • Adress: 1, rue John Ernest Dolibois, L- 4573 Differdange, Luxemburg (virum Portal 1, der Haaptentrée zum ArcelorMittal-Stolwierk), Web: www.science-center.lu; Telefon: +352 28 83 99 1
  • Wéi kënnt een dohin? Dohinner kënnt ee mat den CFL (Regionalexpress iwwer Esch/Uelzecht a Richtung Rodange) bis zum Arrêt “Déifferdeng-Gare”, dono d’Strooss a Richtung Auchan iwwerquieren a rechts vum Centre Commercial “Opkorn” laanscht goen.
  • Mam Auto kënnt een aus Richtung Stad iwwer d’Collectrice du Sud (Ausfaart Déifferdéng) dohinner. Et gi Parkplazen an der Géigend. De Science Center ass an der Woch all Dag vun 9.00 bis 12.00 a vun 13.30 bis 17.00 op a Samsdes a Sonndes von 10.00 bis 13.00 a vu 14.00 bis 18.00.
  • D’Entrée kascht 12 Euro fir Erwuessener a 7 Euro fir Kanner ab 6 Joer a Mënsche mat Behënnerungen a Senioren. D’Entrée fir Kanner ënner 6 Joer ass fräi. Et gëtt recommandéiert, fir d’Entréesbilljeeën am Virfeld online ze bestellen, soss kann net garantéiert ginn, dass een an den Experimentéierraum erakënnt an d’Science Shows ka kucken. Mat der Show dauert d’Visite tëschent 2,5 an 3 Stonnen.