D’Wuert vum Minister

  1. Kannerzäit
  2. /
  3. D’Wuert vum Minister

Léif Kanner, léif Elteren,  

Dëse Website ass an der Covid-19-Pandemie entstanen, déi eist Liewen an eis Kontakter mat Famill a Frënn staark ageschränkt haten. 

Mee och am Respekt vun de sanitäre Reegelen deemools konnt een als Famill flott Aktivitéiten hei am Land oder doheem ënnerhuelen: Eraus an d’Natur goen, zesumme spillen, Saachen erliewen an entdecken, sech zesumme beweegen. Alles dat sinn Elementer déi bei ville vun eise Kanner méintelaang ze kuerz komm waren. 

Sech Zäit huele fir d’Kanner, Kannerzäit eben, ass ee wichtegen a wäertvollen Investissement an hiert, an och eist, Wuelbefannen. Kannerzäit ass Zäit fir zesummen ze liewen an eppes Neies ze erliewen. 

Dësen Internetsite bitt Iech eng Auswiel vun Iddie fir „Kannerzäit“-Aktivitéiten. Doheem, an Ärer Géigend mee och mol an aneren Ecker vum Land. All Woch kommen nei Proposen dobäi. Dacks brauch et net vill, fir eng flott Zäit zesummen ze hunn an dëse Site soll Iech inspiréieren. 

Ech wënschen Iech vill Spaass beim Entdecke vu „Kannerzäit.lu“ an hoffentlech e puer flott Momenter mat Äre Kanner. 

Claude Meisch,  

Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend