De BIG BANG Festival lackelt den 3. a 4. Juli 2021 Jonk an Al an den neimënster. Hei kënne Kanner mat hiren Elteren duerch verschidde Concerten an Installatiounen Musek aus anere Kulturkreesser entdecken, Roboter zum Musizéiere bréngen, duerch Trampolin-Spréng Téin generéieren oder mechanesche Vullen an enger Installatioun dobäi nokucken, wéi déi hir Fluchbunn wiesselen…  E faarwegt musikalescht Erliefnes fir d’ganz Famill.

Messages d’Afrique – Botschaften aus Afrika

Wann et an Afrika ee gëtt, deen e Message matzedeelen huet, geet dat och ëmmer mat Musek. Scho viru laanger Zäit sinn an Afrika d’Messagen haaptsächlech duerch Museksinstrumenter, Gesang a souguer Danz iwwermëttelt ginn. Op et en Ngoma ass, deen duerch d’Däller schaalt oder eng fein Melodie um Balafon bei enger Hochzäitsfeier: et gëtt ëmmer Musek wann et eppes ze feiere gëtt. De Mamadou an den Tister hunn hier jeeweils eegen Aart, Geschichten ze verzielen. Am Senegal, wou de Mamadou hierkënnt, spille si d’Kora, eng Zort Harf. Am Kongo, vu wou den Tister, spille si eng Lokolé, en Instrument, dat e bëssen wéi e grousst Stéck Holz ausgesäit.  Et gëtt e Koup Instrumenter, déi bei der Show an den Asaz kommen, fir e Message ze vermëttelen. Och Dir kënnt Iech hinnen uschléissen an Är Geschicht erzielen oder souguer danzen! D’Opféierung vum Duo Seco dauert ronn 20 Minutten an ass fir all Altersgruppen.  

Songs with Roots XL – Lieder mit Wurzeln XL

Et war emol e Mann, dee mat sengem Tounbandgerät ënnert dem Aarm duerch d’ganz Welt gereest ass. Seng Missioun: déi schéinste Vollekslidder enregistréieren an dofir suergen, dass si ni a Vergiessenheet geroden. Säin Numm: Alan Lomax. D’Aline Goffin an d’Naomi Beeldens sinn zwou fantastesch Sängerinnen, déi bereet sinn, dat bescht aus sech erauszehuelen. Hannert hinnen steet eng eenzegaarteg Band mat engem saten a faarwege Sound. Zesumme spille si Musek fir ze feieren, fir ze kräischen, fir ze erënneren oder fir an eng Aventure opzebriechen…. All Song ass e klenge Bijou mat enger eegener Geschicht. Erwaart e liewegen a beweegende Concert fir Leit ab 5 Joer. Eng Produktioun vun der Zonzo Compagnie mat der Ënnerstëtzung vun der Regioun Flanderen an der Stad Antwerpen. Dauer: 45 Minutten. Fir Leit ab 5 Joer.

Farfelu – e verréckte Ciné-Concert

Farfelu bedeit verréckt, skurril an extravagant. An dëser Performance gëtt et verréckt, méi verréckt a am verrécktsten! Dat witzegt Zesummespill tëschent dem Multinstrumentalist Rémi Decker an de projezéierten Animatiounsfilmer mécht Farfelu zu engem Ciné-Concert vun der Extraklass. Eng Parad komescher Figuren, verréckter Maschinnen a bizarer Kreaturen zitt laanscht. Duerch Klappen, Quiitschen, Ratteren an aner Geräischer, déi de Museker Rémi Decker a petto huet, gi si zum Liewen erwächt. Är An wäerten Ären Oueren net trauen, mee alles dat geschitt live!

Fir de Live-Soundtrack suergt de Rémi Decker, mëttlerweil e Spezialist an dësem Genre. Mat senger Ee-Mann-Band bréngt en Toun a Bild op geschéckt Aart a Weis zesummen a bestécht net just duerch seng Musikalitéit, mee och duerch Prezisioun. Mir héieren Aflëss aus traditionellem Folk an engem Geräischmaacher, awer och abstrakt Kläng. De Mulitinstrumentalist wiesselt tëschent Duddelsak, Gittar, Banjo, Flütten, Perkussioun, Dommpiano a bléist munchmol souguer op engem Stréihallem. D’Beatriz Bagulho reit e clevere Choix vun den originellsten Animatiounsfilmer (2D, 3D, Stop-Motion) mat neie Visuals uneneen. An hinnen erschéngt en animéierten Alter Ego vum Rémi, deen d’Symbios tëschent Bild a Live-Performance vervollstännegt. Eng Produktioun vun der Zonzo Compagnie a Koproduktioun mam JEF Festival. Mat der Ënnerstëtzung vum Flanders and Cultuurcentrum Het Gasthuis. Dauer: ronn 50 Minutten. Fir Leit ab 5 Joer. 

Fanfare BRAZZMATAZZ 

Musikalesch Aflësser vu Plazen wéi New Orleans an dem Balkan gi mat jamaikaneschem Ska a Reggae kombinéiert an da mat engem Western-Mischmasch aus Jazz an Drum ‘n’ Bass vermëscht. D’Resultat ass en onverwiesselbare Sound mat enger Tendenz, onkonventionell Kläng aus dem Orchester ze zauberen mat enger eeschter Prise Spaass hei an do. Brazzmatazz ass an de leschte Joren op grousse Bünen opgetratt, zur Freed vum Publikum, dat den opreegende Ruff als Live-Act bestätege kann. E Steampunk-Dekor léisst Iech un d’Dampmaschinnen aus dem 19. Joerhonnert denken a ronnt dat visuellt Spektakel of. Et erwaart Iech eng absolut danzbar, irresistibel musikalesch Sensatioun. Fir all Altersgruppen.

De Musek-Labyrinth

D’Zonzo Compagnie huet d’Belsch an aner Länner mat dem Museksfestival BIG BANG am Stuerm eruewert. Dat musikalescht Labyrinth ass ee weidert vun hiren Erfollegsformater. Mat dem Museklabyrinth verwandelt d’Zonzo Compagnie ee Gebai oder ee Raum an eng Spillplaz aus Kaméidi a Kläng. E Guide hëlt Iech mat op eng Rees bei eng aktiv musikalesch Aventure. Um Wee dohin kommt Dir bei verschiddenen interaktive Klanginstallatioune laanscht.

De Roboter-Orchester

D’Musekroboter Korn, Snar, Temblo a Toypi si fir d’éischt ganz stëll.  Wann Dir méi no kommt, héiert Dir, wéi si erwächen an op Är Beweegunge reagéieren. Véier Sensoren erfaassen och déi klengste Beweegung. Entdeckt de Klang vun engem klenge Geste vun Ärem klenge Fanger oder daucht an, an déi haart Geräischer, wann Dir Är Äerm schnell schwéngt. Oder: Versicht, d’Maschinnen erëm zum Stëllstand ze bréngen, andeems dir sou stëll wéi méiglech stitt. D’Logos Foundation bitt dëse Spektakel fir Kanner ab 2 Joer fortlafend un.  

SPOTTER, eng interaktiiv Danzmaschinn 

SPOTTER ass eng Danzmaschinn, déi liicht süchteg mécht, déi Är eenzegaarteg Danzbeweegungen a spektakulär Videokulissen a Musek verwandelt. Andeems Dir danzt, komponéiert Dir Är eege Musek an zaubert gläichzäiteg wonnerschéin Videobiller. SPOTTER luet Iech an, Iech ze beweegen, ze fléien, ze falen a Musek ze maachen. Eng Klanginstallatioun vum Chris Koolmees fir all Altersgruppen.

Dës Vullen fléien an den Norden

Am modulären Installatiounsprojet ‘These Birds are flying to the North’ setzt de Serge Verstockt 100 mechanesch Vullen a Käfeger an a léisst si mam Publikum interagéieren. Normalerweis fléien d’Vullen an de Süden, well et hei ze kal ass am Wanter. Awer déi Vullen sinn eppes Besonnesches: Si fléien an de kalen Norden, fir am Schnéi hiert Litt ze sangen. Eng Klanginstallatioun vun ChampAction & Serge Verstockt fir all Altersgruppen.

Osci Bouncer – Sprange fir Musek!

Klang gëtt duerch Schwéngungen produzéiert, Sprangen bréngt d’Loft zum Vibréieren a Sprangen mécht Spaass, virun allem um Trampolin! Dës Installatioun luet d’Kanner zum onbeschwéierte Spill um Trampolin an. Awer et kënnt tatsächlech drop un, wéi héich se sprangen. Hier wëll Spréng léise Sensoren aus, déi hirersäits erëm Téin a Luuchte steieren. Si bestëmmen d’Aart a Weis, wéi Dir sprangt, de Rhythmus, d’Lautstäerkt, d’Beliichtung asw. Sprange mécht Iech also zum Komponist, DJs a Produzenten – wéi cool ass dat dann? Eng Klanginstallatioun vum David Jongen & Elize Rausch fir all Altersgruppen.

Haart Noperen

Wunnbléck iergendwou an enger Stad, iergendwou um Land. D’Kanner liewen hei eleng wéi et schéngt oder sinn d’Elteren grad fort, oder schlofe se? Dat eenzegt, wat mer wëssen, ass, dass d’Nopere Museker sinn. Mee si steieren och mat hiren deeglechen Handlungen de Rhythmus vun hiren Noperen. Wa si d’Luucht umaachen, muss den Trompettist blosen. Wann si hier Boxe strecken, follegt de Bou vum Kontrabassist. D’Kanner flüsteren Téin duerch d’Maueren, komponéiere mat Luucht, dirigéieren, andeems si Schockelasmousse iessen. Eng surreal Welt, an der all Dag seng eege Partitur huet. Eng Installation vun der Zonzo Compagnie mat Stijn Grupping & Ine Van Baelen fir Leit ab 4 Joer.

Informatiounen fir Elteren

  • De Festival fënnt e Samschdeg den 3. an e Sonndeg de 4. Juli all Kéiers ab 14.00 statt. Ticketen: 15 Euro fir Erwuessener. Fräien Antrëtt fir Kanner (Umeldung & Ticket néideg, Als Tarif “Tarif 0,00” bei der Umeldung oder an der Keess uginn.
  • Umeldung: Per Mail: contact@neimenster.lu  oder: direkt iwwer d’Websäit www.neimenster.lu; op den Datum vum Event klicken! 
  • Adress: Neimënster – Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, 28, rue Münster, L-2160 Luxembourg-Grund. Tél.: +352 26 20 52 – 1  (Accueil). E-mail: contact@neimenster.lu; Web  : www.neimenster.lu. Wann ee mam Auto kënnt, soll een d’Parkplazen an der Uewerstad oder de Parking “Brasserie” an de Rives de Clausen ze notzen.  
  • Vum Plateau “Saint-Esprit” féiert e Lift an de Gronn. Wann dir aus dem Lift erauskommt, gitt iwwer déi kleng Bréck iwwer d’Uelzecht an dann direkt lénks a Richtung neimënster. Vum Parkhaus “Brasserie” zu Clausen geet et iwwer d’Foussgängerbréck op neimënster. Wann der mam Zuch kommt, huelt op der Gare d’Buslinn 23 a klammt um Arrêt “Stadgronn-Bréck” eraus. 
  • Bei D’Abtei kënnt een och mat de Linnen 14 an 20. Ëffnungszäiten: neimënster (Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster) ass vu méindes bis sonndes vun 10.00 bis 18.00 op.