Bei enger Wanderung duerch de Bësch de 17. Juli sammelen d’Participante dat néidegt Material fir en Nuetslager ze bauen – an dat ouni Nol oder Schrauf. Op d’Lagerfeier gëtt ouni Fixspoun oder Briquet ugefaange an d’Owesiessen gemeinsam virbereet. Eng flott Geleeënheet, säi “Bushcraft”-Wëssen ze erweideren an déi eenzegaarteg Atmosphär vun enger Nuecht do baussen ënnert de Stären ze genéissen.

Informatiounen fir d’Participanten

  • D’Veranstaltung ass gratis, si riicht sech un Erwuessener a gréisser Kanner. Umeldung bis den 13. Juli.
  • De Start vum Event ass um 14.00 de 17. Juli bei der SES-”Waasserfabrik” am Äischdall, op der Strooss tëschent Habscht a Simmer. Do ass och e Busarrêt. D’Veranstaltung geet ëm 11.00 den Dag drop zu Enn.
  • Eng weider Veranstaltung ass fir den 7. an 8. August geplangt.
  • Organisatioun: Naturschutzzenter Mirador. Kontakt: Gilles Wagener, 24 75 65 41, mirador@anf.etat.lu De ganzen Aktivitéitsprogramm vum Natur- a Bëschzenter Mirador zu Stengefort fënnt een hei.