Dir dreemt dovun, eemol esou richteg Flughafen ze spillen? Am Quartier Cents an der Haaptstad gëtt et en flott Spillplaz, wou een dat maache kann. Hei stinn ënner anerem e Kontroll-Tower, e puer Fligeren, Hangaren an eng Sécherheetskontroll. Den “Airport Cents”, dee ganz no beim richtege Flughafen Findel läit, huet esouguer extra Pompjeeën. Hei kann ee sech stonnelaang ameséieren, während d’Elteren sech op Bänken entspane kënnen.
Informatiounen fir d’Elteren:
- D’Spillplaz fënnt een zum Schluss vun der Strooss “Op der Heed”, direkt an der Entrée vum Quartier Cents (wann een aus Richtung Findel kënnt).
- Méi Informatiounen iwwer d’Spillplazen an der Haaptstad fënnt een hei.