Skating, BMX, Dëschtennis, Beach Volleyball, Fussball… Am Fun Park zu Waasserbëlleg an der Gemeng Mäertert kann ee sech laang a mat vill Ofwiesslung ameséieren. Hei ginn et och Bänken an Dëscher, e Barbecue-Areal, Toiletten an e Parking direkt niewendrun. Sou kann ee locker op der Plaz eng Paus aleeën.
Informatiounen fir d’Elteren:
- De Fun Park läit direkt nieft der Musel op der Adress 1-3- Grand-Rue, L6630 Wasserbëlleg
- Websäit: www.funpark.lu