Dëst Spill erkläert, wéi nuetsaktiv Déieren am Donkelen hir Beute fänken. Eng “blann” Eil gëtt an d’Mëtt vun engem ronne Spillfeld gestallt a kritt eng gefëllt Sprëtzfläsch. Ronderëm si gi Käertercher als Iessensratioune verdeelt. Am beschten ass et wa vill Blieder um Buedem leien. D’Mais muss sech dann esou lues wéi méiglech uschläichen fir un hir Iessensratiounen ze kommen, ouni dass d’Eil se besprëtze (fänke) kann. Dauernd ze sprëtzen ass verbueden.
Wat dir braucht: eppes fir d’An ze verbannen, eng Sprëtzfläsch mat Waasser, e puer kleng Kaarten.
Quell: SNJ