E Wierfel geet duer fir dëst Spill. Jee nodeem wéi eng Ziffer dass gewierfelt gëtt, musst dir eng bestëmmten Übung maachen. Dir kënnt eleng oder mat Anere spillen – an zwar esou laang bis dir midd sidd.

Dir kënnt festleeën, wéi eng Übung mat wéi enger Zuel verbonnen ass, mee hei si mol e puer Tipps (fir Kanner vu 4 bis 12 Joer).  1: géi an d’Hippercher a sprang da sou héich wéi’s de kanns. 2: maach 5 x den Hampelmann. 3: sprang 10 x op engem Been. 4:  maach 10 Kniebeugen/Squats. 5:  maach 5 Pompelen/push-ups. 6: géi mat dengen Hänn erof bei deng Féiss ouni deng Knéien ze diebelen.

An hei e puer Tipps fir déi méi Kleng: 1: sprang sou héich wéi en Heesprénger. 2: dréi dech ronderëm wéi e Probeller. 3: hops wéi e Fräsch. 4: maach wéi e Gorilla an trommel op denger Broscht. 5: sprang sou wäit wéi e Känguru. 6: krauch wéi eng Schlaang. Méi Sportiddien fir doheem: aktivdoheem a kannerdoheem.