Op speziell entwéckelte Geräter kënnt Dir Äert Gläichgewiicht, Äer Koordinatioun, Kraaft a Fitness trainéieren. De Parcours ass fir all Alterskategorien a fir all Fitness-Conditioune geegent an zu all Joereszäit zougänglech. Op dene verschidde Statiounen stinn Tafelen, op denen d’Aufgabe beschriwwe ginn, déi ee muss maachen. Hei fënnt een och Informatiounen iwwer d’Effekter vun den Übungen op de Kierper. Et gëtt um Site och e Buerféisswee vu ronn 750 Meter Längt. Hei sollt ee just oppassen: d’Buerféissweesaison fenkt eréischt den 30. Abrëll un an eréischt ab dann gëtt et d’Méiglechkeet, fir sech op der Plaz d’Féiss ze wäschen. D’Buerféissweesaison dauert bis den 30. September.
- Informatiounen fir d’Elteren: Wou fannen ech de Motorikpark? Am Bësch direkt nieft dem Camping Op Kengert dee genee op der Grenz tëscht de Gemengen Larochette an Äerenzdallgemeng läit. D’Adress ass: 1 Op Kengert, L-7633 Larochette. Links: www.kengert.lu, www.mullerthal.lu
- Wat kann een an der Emgéigend nach maachen: Hei sitt dir matzen am Mëllerdall mat senge schéine Wanderweeër an aussergewéinlechen Fielsformatiounen. D’Schlass vu Larochette läit just annerhalwe Kilometer zou Fouss ewech. De Motorikpark kann een mat esou engem spannenden Ausfluch verbannen.