Vu Samschdes, den 29. Juli bis Sonndes, de 27. August 2023 fënnt déi 4. Editioun vum „Vëlosummer“ statt, de summerleche Vëlotourismusprogramm am ganze Land. Mam Service „Move we carry“ kënnen d’Vëlostouristen hiert Gepäck vun enger Plaz op déi aner transportéiere loossen. Déi als „bed+bike“ zertifiéiert Hotellen hunn e gratis zougespaarte Vëlosraum. Vëloe kënnen an de Geschäfter vum Netzwierk „Rent a bike“ gelount ginn.

Weider Informatiounen hei.