Wat der Däiwel ass eng Pingo School? Ganz einfach: d’Méiglechkeet ze léiere wéi e richtege Pinguin ouni ze falen iwwer Äis ze goen. Oder besser ze fueren. Mat Schlittschong. Op der Äispist Kockelscheier. 

 Fir Kleng a manner Kleng iwwregens, well et kann ee vu 4 Joer un dobäi sinn. 

Dat geet als Privatstonn, oder am Kader vun engem Cours, wou een tëschent “cours de base” an “cours avancé” ka wielen. Am Kollektivcours si ronn 10 Leit. 

Ween awer scho Schlittschong fuere kann huet d’Méiglechkeet all Dag iwwer d’Äis ze schwiewen, d’Auerzäite variéiere jee no Wochendag. 

Pingo Birthday 

 Ween zesumme mat senge Frënn wëllt bëssen anescht Gebuertsdag feieren, dee kann dat op der Äispist maachen, a souguer e Moniteur engagéieren! 

 

Informatiounen fir d’Elteren: 

  • Eng Privatstonn kascht 35 €,  am ëffentleche Cours kascht eng Stonn 10€. 
  • Schlittschong kritt een an de Gréisste 24-50 ze léinen, dat kascht 3€ d’Puer. 
  • D’Äispist funktionéiert mat Covid-Check, Kanner kënnen awer och op der Plaz e Schnelltest fir 3€ maachen. 
  • Allgemein Informationen iwwer d’Aispist fënnt een op www.kockelscheuer.com 
  • Spezifesch Froen wat d’Léiheren vu Schlittschongfueren ugeet: skatingschool@kockelscheuer.com