No enger Paus vun 2 Joer ass de “Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois” frou, erëm säin traditionellt “Spillfest” ronderëm de grousse Weier op der Kockelscheier kënnen ze organiséieren an dat an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg a vill Federatiounen a Sportsclibb. D’Zil ass et, Kanner an Elteren d’Méiglechkeet ze ginn fir vill Sportsaktivitéiten ze entdecken a sech an engems ze ameséieren. Rendezvous de 26. Mee vun 10.00 bis 18.00.

Méi Informatiounen

  • Fannt de komplette Programm op www.spillfest.lu
  • E Vëlospark gëtt um Areal vum COSL Spillfest ageriicht an zwou P+R Buslinnen wäerten wärend dem Event disponibel sinn.