Een Dag laang mol Raschnoffelen an d’Kloteren an der Hal zu Iechternach – dat huet sech d’Trainerteam vun der Iechternacher Jugendherberge afale gelooss fir Kanner vu 7 bis 9 Joer. De 14. Februar ass et dofir souwäit, do kann zwëschen 10 Auer an hallwer 5 nomëttes geklotert gi souvill ee Loscht huet. Um Programm vun dësem Schnupperdag stinn Theorie a Praxis, d’Léiere vun der Sécherungstechnik grad wéi di 1. Schrëtt di 14 Meter héich Kloterwand erop. Hei léiert een net nëmme Kloteren u sech, mais et trainéiert een och Motorik an de Gläichgewiichtssënn.Ausdauer a Kierperhaltung si weider Virdeeler vun dëser Sportaart.

  • Wéini? 14. Februar 2022 vun 10.00 bis 16.30
  • Wou? Jugendherberge Iechternach
  • Fir wien? Kanner zwësche 7 an 9 Joer.
  • Käschten, Mëttesiessen abegraff: 65 €, fir Membere vun der Jugendherberge 60 €.
  • Keng Virkenntnesser am Klotere gefrot, bequeem Sportsgezei a propper Turnschlappe matbréngen.
  • All Detailler: youthhostels.lu