Dir wollt schon ëmmer Jongléiere léiren? Dann hu mir e puer Tipps hei. Fir d’éischt emol wéi ee Jongléierbäll mecht. Dofir brauch een 3 Strëmp (kuerz Strëmp an zwou verschidde Faarwen), 100 bis 150 Gramm Räis (oder roud Lënsen oder ganz kleng Nuddelen) an Frischhaltefolie (ronn 25 cm pro Ball). De Räis kënnt an d’Mëtt vun der Frischhaltefolie an da gëtt e Ball draus geformt. D’Strëmp gëtt dann driwwer gezunn.

Eng Basteluleedung gëtt et hei.

Kuckt iech de kuerze Video op dëser Websäit un. De Kris erklärt iech, wéi ee Jongléieren léiert. An dann heescht et: üben, üben, üben.

Méi Aktivitéiten fir doheem fannt dir op www.kannerdoheem.lu a www.aktivdoheem.lu