Dëse Summer an d’Vakanz ze goen as villäicht méi schwéier weint der aktueller Covid Pandemie. Mee fir Aktivitéiten wéi Kayak a Kanu fueren an Wakeboarding, muss een net wäit reesen. Mir hunn Iech eng Lëscht vu Waasseraktivitéiten zesumme gestallt fir Leit vun all Alter, déi wärend dem Summer lafen an déi Dir mat der Famill oder Kolleege kënnt genéissen.

Lëlz
Bei der Jugendherberg zu Lëlz kënnt Dir op Ufro Kanu, Kayak a Stand-up Paddles ausléinen wann Dir entweder do iwwernuecht oder eng Memberskaart hutt. Si sinn op vu mëttwochs bis sonndes an hier Präisser variéieren jee nodeem wei ee Material gefrot gëtt. D’ Material kann ee bis den 29. August ufroen. Fir méi Informatiounen iwwert d’ Ausléinen, kuckt op youthhostels.lu. Fir méi generell Informatiounen iwwert d’ Jugendherberg zu Lëlz an hier Aktivitéiten, kuckt op hirer Agenda Säit hei.

Dikrech
-3km Kayak Tour deen d’Sauer zu Dikrech erop an erof geet. Fir dëst Aktivitéit muss een eng Plaz am Viraus reservéieren op info@kanuraft.eu. D’ Ëffnungszäiten variéieren jee no Daag an d’ Präisser jee no deem wéi grouss de Grupp as. Méi Informatiounen dozou op kanuraft.eu.

Dillingen
Kayaking, Rafting oder Canoeing vun Dillingen op Iechternach: Outdoor Freizeit offréiert Material dat mindestens 2 Deeg am Viraus muss gebucht ginn a fir dat Dir eng Confirmatioun brauch ier Dir um Site ukommt. Hier Héichsaison leeft bis den 30. September. Méi Informatiounen iwwert Präisser, Material an Auerzäiten fannt Dir op outdoorfreizeit.lu.

Gréiwemaacher
-Wakeboarding a Wakesurfing mat Ski Nautique Grevenmacher. Et ass eng Privatorganisatioun a méi Informatiounen iwwert hier Präisser a Kontakter fannt Dir ënnert wake-sng.com.