Vum 16. September bis den 16. Dezember steet all Donneschden tëschent 13 a 17 Auer Spill, Spaass a Sport an der Jugendherberg vun Iechternach um Programm. De Programm ass fir Kanner am Alter vun 5 bis 12 Joer gëeegent. Keng Suerg, wann Äert Kand nach keng Klammerfarung huet, professionell ausgebilt Traineren déi Äert Kand begleeden.

Et sinn am ganzen 13 Seancen, eemol pro Woch, ausser wärend de Schoulvakanzen. D’Jugendherberg Iechternach ass net déi eenzeg Plaz wou een bannen Klammen kann, do ginn et der nach eng Rëtsch zu Lëtzebuerg, déi kënnt Dir hei fannen. A fir déi, déi léiwer baussen klammen, ginn et am Land och eng Rei Optiounen, déi fannt dir hei.

Informatiounen fir d’Elteren

  • Et muss ee sech am Viraus umellen.
  • De Standardpräis fir ee Kand fir all 13 Seancen ass 173€ (reduzéiert fir Memberen vun der Jugendherberg).
  • De Cours ass op Lëtzebuergesch an Däitsch.
  • Fir weider Informatiounen gitt op den offiziellen Internetsite vun der Jugendherberg Iechternach hei