Loscht op Action, Sport a Spaass an der Allerhellegevakanz? Da mellt iech schnell beim Klotercamp fir Kids an der Jugendherberg zu Iechternach un. Aktiv Kanner tëschent 10 an 12 Joer si vu Mëttwochs, den 2. bis Freides, de 4. November häerzlech wëllkomm, d’Kloteren un der 14 m héijer Kloterwand ze entdecken. Professionell Traineren erklären hei déi richteg Technik an d’Ofsécherung. Um Programm stinn awer och Këschtekloteren, e Spill- a Filmowend, e Lagerfeier mat Marshmallow-Broden souwéi Abenteueraktivitéiten. Well d’Plaze limitéiert sinn, sollen d’Leit sech umellen.

Weider Informatiounen

  • Präis pro Kand 295 Euro (Standardpräis fir Net-Memberen an de Jugendherbergen). Am Präis dra sinn dräi Deeg Kloteren mat engem qualifizéierte Trainerteam, Klotermaterial an zwou Iwwernuechtungen an engem Zëmmer mat méi Better, inklusiv Verfleegung an Opsiicht.
  • Kontakt: T. (+352) 26 27 66 200, animation@youthhostels.lu, www.youthhostels.lu