An de Gemengen Lëtzebuerg, Suessem a Monnerech ginn et sougenannten “Pump Tracks”, dat si Vëlospisten mat Sprongschanzen, steilen Ofhäng, Wellen an souguer Trapen. D’Tracks begeeschteren net just erfuere Biker, mee och Ufänger, déi léiere wëllen, hire Vëlo besser ënner Kontroll ze hunn.
Informatiounen fir d’Elteren:
Hei ass d’Adress vum Pump Track an der Stad: Bike Park Boy Konen, 3, rue des Sports, L-2548 Luxembourg-Cessange. Méi Informatiounen hei.
Hei ass d’Adress vum Pump Track zu Suessem: Rue des Alliés, L-4412 Sanem. De “Pump Track” ass all Dag vun 7.00 bis 22.00 op. Méi Informatiounen hei.
Hei ass d’Adress vum Pump Track zu Monnerech: Rue Arthur Thinnes, L-3919 Mondercange. Méi Informatiounen hei.