Wee sech un de Seeler wéi den Tarzan schwénge wëll, gären Technike léiert fir Klammrouten ze packen, Kloteren als Sport bedreift, an engem Team-Building den Teamgeescht vun der Ekipp austesten oder einfach wëll mat der Famill Spaass an der Fräizäit hunn, fënnt zu Lëtzebuerg eng Rei vun Abenteuer-Parken, Kloterhalen an Héichseelgäert. Et gëtt Kloterofferen fir all Alter, mee opgepasst: Aus Sécherheetsgrënn sollte Kloterer ëmmer vun erfuerenen Traineren begleet ginn oder vu Persounen, déi Übung am Ofsécheren hunn.
Kloteren zu Bäertrëf: Opgepasst, just fir Profien
An de Fielswänn an der Wanterbaach zu Bäertrëf kann een an der fräier Natur kloteren. Dat ass allerdéngs just Membere vun enger Klotervereenegung virbehalen, déi hirersäits muss Member bei engem internationale Kloterverband UIAA oder IFSC si muss. Adress: Wanterbaach, L-6552 Berdorf, Tel.: +352 79 05 45, Mail: info@visitberdorf.lu
Parc Le’h Adventures Diddeleng: Fun an de Bamspëtzten
Dëse Kloterpark ass am Parc Le’h zu Diddeleng a besteet aus iwwer 100 verschiddenen Atelieren verdeelt op 7 Strecken (Maximalhéicht 17m) mat Netzer, Hängebrécken, Surf, Seelrutschen, Tarzan, Monkeytrees, eng Bambini- an eng Teambuilding-Streck. Ob kleng Kanner (ab +/- 2 Joer), Erwuessener oder Senioren, fir jiddereen ass eppes dobäi, ob Spaass, Fitness, an der Grupp, Jonggesellenabschid, Gebuertsdag, Familljen- oder Betribsfest. Ëffnungszäiten: An der Summervakanz all Dag vun 10.00 – 19.00.
D’Ëffnungszäiten kënnen Online ofgeruff ginn. Entréespräisser: Kanner vun 1-4 Joer: 14 Euro (2 Stonnen), Kanner vun 5-8 Joer: 15 Euro (2 Stonnen), Kanner vun 9-12 Joer: 20 Euro (2 Stonnen), Jugendlecher vun 13 bis 17 Joer: 21 Euro (2 Stonnen). Erwuessener ab 18 Joer: 23 Euro (2 Stonnen). Gruppen: Op Nofro kënne sech Gruppen ab 8 Persounen iwwer d’Internetsäit umellen. Bei méi klenge Gruppen oder Eenzelpersounen ass dat net néideg. Adress: 203, rue du Parc, L-3542 Dudelange, Tel.: +352 621 669 112, E-Mail: info@aventure.lu, Web: www.aventure.lu
Steinfort Adventure: Héich eraus am Westen
„Steinfort Adventure“ läit an enger Naturlandschaft, matzen an engem Bësch direkt hannert der Tennisanlag vun der Gemeng. Hei kann een Action an der Natur, awer och Ekotourismus an Ëmweltbewosstsinn erliewen. Beim Kloteren an de Bamspëtzten si Mutt a Konzentratioun gefrot – jee nodeem, wéi fortgeschratt d’Kloterer sinn, ginn et zéng verschidde Strecken mat ënnerschiddleche Schwieregkeetsgraden. Scho Kloterer ab 4 Joer däerfen op den Afen- an Tigerrouten matmaachen.
De Park luet awer och an, den Ekosystem Bësch ze entdecken a mécht Loscht op Spadséiergäng a Picknicker. Steinfort Adventure bitt iwwer 91 Workshoppen, verdeelt op 10 Parcoursen mat ënnerschiddlechem Schwieregkeetsgrad. All Parcours besteet aus Workshops an der Héicht (Seelbunn, Afebréck, nepalesesch Bréck, …) D’Parcoursen sinn duerch Plattformen a Kabel verbonnen, déi sech an d’Landschaft integréieren an et erméiglechen, mat spezieller Sécherungsausrüstung vu Plattform zu Plattform ze beweegen.
D’sportlech Coursen si fir Persoune vun all Alter zougänglech. D’Schwieregkeetsgraden vun de verschiddenen Kloterparcoursen kënnen souwuel liicht an niddreg fir Kanner a méi virsiichteg Leit sinn, mee och héich uewen an der Loft fir Sportler, déi de Kick sichen. Fir déi Klengst bitt Steinfort Adventure de Parcours Little Wolf. Ouni Equipement (Gurt) an no um Buedem ass dëse Parcours fir Kanner ab 2 Joer gratis zougänglech.
Fir d’Sécherheet muss jiddereen en Aféierungscours matmaachen. Ëffnungszäiten: Dënschdes bis sonndes: 10.00 – 18.00. Freides an der Summervakanz (bis de 15. September) 13.00-21.00. Méindes ass zou. Eng Reservatioun ass obligatoresch: aus Grënn vum Timing, der Dauer vun der Aféierung, dem Oflaf ouni Problemer am Park a virun allem aus Sécherheetsgrënn. Reservatiounen: kënne per Telefon op(dënschdes bis sonndes vun 10.00 bis 18.00) oder iwwer den Online-Formulaire gemaach ginn.
Haalt w.e.g am Hannerkapp, dass méindes Roudag ass (d’Mataarbechter vum Park hiewen da keen Telefon op oder kontrolléieren d’Mailer). Opgepasst: d’Kloterparcoursen maachen schonn eng Stonn viru Feierowend zou. Entréespräisser no Alterskategorien: 4-6 Joer: 5 Euro, 7-9 Joer: 14 Euro, 10-15 Joer: 17 Euro, 16 Joer a méi: 19 Euro. Adress: Rue du Schwarzenhof, L-8452 Steinfort, Tel.: +352 27 39 53 00, E-Mail: info@steinfort-adventure.lu, Web: www.steinfort-adventure.lu