Parkour ka jidderee maachen. Hei geet et drëm, fir schnellstméiglech vun engem Punkt A op e Punkt B ze kommen an d’Hënnernesser op dem Wee ze iwwerwannen. Dat mécht jiddereen op seng eegen Aart a Weis a mat sengem eegene Stil. Der Kreativitéit sinn hei keng Grenze gesat. Et soll een sech awer net ze vill virhuelen a virun allem e propperen a séchere Parkour absolvéieren. Et ass dowéinst wichteggutt ze trainéieren ier een sech op de Parkour wot.  

Informatiounen fir d’Elteren:

  • De Skate- a Parkourpark op 4, Route du Vin zu Rémech tëscht der Maison des Jeunes an dem Fussballsterrain  ass éischter eppes fir gréisser Kanner.
  • Méi op www.visitremich.lu