Fir dass ee suergefräi kann iwwer d’Äis schwiewe brauch een natierlech Schlittschong. Entweder et bréngt een seng eege mat, oder et léint een der. Händschen, waarmt Gezei an eventuell en Helm, a scho kann d’Aventure lassgoen. Zu Beefort op der Äispist kann ee Schlittschong an de Gréisste 25 bis 50 ausléinen, fir di kleng Leefer ginn et sougenannt Ice Glider, eng Zort Minischlitt di ënner di normal Schong gestreckt ginn. A wien sech nach net ganz eleng op d’Äis traut kann sech e Pinguin als Laafléierhëllef léinen. Wen iwwer 15 Joer al ass kann och Karting fueren, dee muss awer am Viraus reservéiert ginn. A wann Hänn a Féiss kal genuch si kann ee sech mat engem waarme Gedrénks an engem Snack an der Snack Bar stäerken, ier et an di zweet Ronn geet.

Informatiounen: