Zu Lëtzebuerg selwer ginn et zwou Plazen, wou ee Laser Game ka spillen: um Houwald an zu Ettelbréck. Bei dësem Spill kann een eleng oder an enger Equipe (4-35 Spiller pro Equipe) spillen an et geet dorëms, souvill Géigner wéi méiglech mat senger Laserpistoul ze treffen. Fir all Treffer krit ee Punkten mee et verléiert een der och wann ee selwer getraff gëtt. No der Partie huet déi Equipe oder dee Spiller mat de meeschte Punkten gewonnen. Dëst Spill verbënnt Sportlechkeet mat Geschéck, vu dass d’Spiller duerch 3 ganz donkel Labyrinthsäll (170-300m2) mat Hindernisser, Maueren a Spigelen lafe mussen. Et ass fir Grouss a Kléng gëeegent (7-77 Joer), sou laang ee méi wéi 1,20m grouss ass. Et ass e Spaass fir sech eleng, an der Famill oder mat Frënn.

Informatiounen zum Laser Game Evolution um Houwald

  • Adress: 5, rue des Bruyères, L-1274 Hesper ;  Tel: (+352) 2748 9490.
  • Ëffnungszäiten: Mé-Fr 15h-23h, Sa 11h-12h, So 11h-21h (Schoulvakanzen a Feierdeeg: Mé-Do 14h-23h, Fr-Sa 14h-12h, So 14h-21h).
  • 1 Partie: 11€ pro Persoun. 2 Partien: 19€ pro Persoun. 3 Partien: 25€ pro Persoun (et mussen ëmmer Minimum 4 Spiller sinn an eng Partie dauert 20 Minutten).
  • Weider Informatiounen fannt Dir um Site www.lasergame-evolution.lu

Informatiounen zum Laser Game Evolution zu Ettelbréck

  • Adress: ZAC – rue Jean Pierre Thill, L-9085 Ettelbréck ; (+352) 2681 3482.
  • Ëffnungszäiten: Mé zou, Dë-Do 15h-23h, Fr 15h-12h, Sa 14h-12h, So 14h-21h (Schoulvakanzen a Feierdeeg: Mé-Do 14h-23h, Fr-Sa 14h-12h, So 14h-21h).
  • 1 Partie: 11€ pro Persoun. 2 Partien: 19€ pro Persoun. 3 Partien: 25€ pro Persoun (et mussen ëmmer Minimum 4 Spiller sinn an eng Partie dauert 20 Minutten).
  • Weider Informatiounen fannt Dir um Site www.lasergame-evolution.lu/