Fir dat hei Spill muss ee mindestens zu 2 sinn. Frot dofir een aus ärer Famill oder e Frënd fir mat ze spillen. Huelt e Sprangseel, hal et un engem Enn fest an dréint iech mam Seel ronderëm, sou datt d’Seel no um Buedem, wéi ee Propeller, am Krees dréint. D’Matspiller versichen elo iwwert d’Seel ze sprangen, ouni et ze beréieren. Wiesselt iech bei Sprangen of an fuerdert een deen aneren eraus! Wéi vill Tier packt dir? A wien mécht der am meeschten? Wann dat iech ze liicht ass, versich einfach d’Seel méi schnell ze dréinen!

Méi Iddien fir doheem kierperlech aktiv ze sinn fannt dir op kannerdoheem.lu und aktivdoheem.lu.