Mam Retour vum gudde Wieder kënnt och d’Loscht, fir méi Zäit un der frëscher Loft ze verbréngen an eppes dobaussen ze ënnerhuelen. Dat kann een bis Enn September am Trampolinpark vun der Jugendherberg Iechternach maachen. Op 10 Trampolinplazen sinn hei genuch Sprangméiglechkeete fir jiddereen do.

Méi Informatiounen

  • Vum 2. Abrëll bis den 25. September 2022.
  • Den Trampolinpark ass all Freideg a Sonndeg ëmmer vun 13.00 bis 19.00 op. Wärend de Schoulvakanzen (2.-18. Abrëll, 21.-29. Mee, 1. Juli – 15. September) ass de Park ëmmer vu Méindeg bis Freideg vun 13.00 bis 19.00 op an Samschdeg a Sonndeg vun 11.00 bis 20.00.
  • De Präis ass 3 Euro, wann een awer an der Jugendherberg iwwernuecht oder hei Member ass, bezilt ee just 2 Euro. Et gëtt och eng Kaart “Pay 9 get 10” fir 10 Entréeën, déi kascht 18 Euro.
  • Adress a Kontakt: Jugendherberg Iechternach 100, rue Grégoire Schouppe L-6479 Iechternach ; Telefon: +352 26 27 66 400 ; Mail: echternach@youthhostels.lu.
  • Weider Informatioune fannt Dir hei.