Mir beweegen eis net méi genuch! Leider ass dat de Fall an ass esouguer duerch eng grouss Etude bewise ginn: 60 Prozent vun den Europäer maachen ni oder nëmmen e bësse Sport. Dat ass net gutt a ka ganz schlëmm Auswierkungen op eis Gesondheet hunn. Um Büro oder an der Schoul – iwwerall sëtze mir stonnelaang um Stéck. An doheem: do sëtze mir da virun der Tëlee…

Schluss domat: De #BeActive Day huet d’Léisung. De 26. September heescht et “Ditt Turnschlappen un a gitt eraus aus dem Haus!”. Wouhin? Bei den neie Stadion. Hei kënnt Dir tëscht 10 an 18 Auer eng Hellewull flott an deelweis aussergewéinlech Sportaktivitéiten entdecken. Lacrosse, Disc Golf oder Street Racket sinn nëmmen e puer cool Sportaarten, déi vun de Clibb präsentéiert ginn. 

  • Wéi kommen ech dohin?
  • Info: Dëst ass e Covid-Check-Evenement. Dir musst also entweder geimpft, erëm gesond oder getest sinn. Et ginn och gratis Selbsttester op der Plaz ugebueden.  
  • De komplette Programm vum Dag (och als PDF)
  • Plang vum Site:

Plan BeActive Day 2021