Weess du dass et e Sport gëtt, dee Frisbee-Golf heescht? Hei geet et drëm fir de Frisbee an e Kierfchen ze schéissen. Dee Spiller huet gewonn, den déi mannste Versicher gemaach huet fir d’Kierwercher ze treffen. An der Gemeng Jonglënster kanns du Frisbee-Golf spillen.

De Frisbee-Golf-Parcours läit zu Buerglënster, net wäit vun der Buerg. De Start ass um ieweschte Parking bei der Buerg nieft dem Wanderpavillon. Um Parcours ginn et 8 “Disc Pole Hole Baskets”, an denen een de Frisbee lande muss. Wen am mannsten Versich gebraucht huet, fir de ganze Parcours fäerdeg ze maachen, den huet gewonn.

Informatiounen fir d’Elteren:

  • Wou fannen ech de Frisbee-Golf-Parcous ? Direkt nieft dem ieweschte Parking beim Schlass.
  • Wat muss ech matbréngen ? Ee Frisbee fir all Spiller. Soss brauch ee näischt Spezielles. Frisbee-Golf kann zu all Joreszäit gespillt ginn.
  • Wou fannen ech weider Informatiounen iwwer den Disc-Golf-Sport ? www.discgolf.de
  • Wéi laang Zäit brauch een ? Dat henkt ganz dovun of, wéi gutt een d’Frisbeeën an d’Kierwercher ka plazéieren. Een halwen Dag kann een awer schon um Parcours verbréngen.
  • Wat fënnt ee soss nach zu Buerglënster ? E Schlass an vill Trëppelweeër. Méi Informatiounen op : www.chateaubourglinster.lu an www.mullerthal.lu 
  • Wou kann een nach Disc Golf spillen? Zu Diddeleng beim Lycée gëtt et ee Parcours. A geschwënn och am Park “Op Belval” zu Bieles. Méi zum DiscGolf-Sport zu Lëtzebuerg gëtt een um Website vum Disc Golf Club Luxembourg gewuer.