D’Editioun vum lëschten Joer war ee Succès mat ronn 40.000 Participanten di déi verschidde Routen duerch d‘Land mam Vëlo gefuer sinn. Dës Editioun ass méi grouss ginn: de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an d’Direction générale du tourisme, a Kollaboratioun mat 65 Gemengen, hunn Accès zu 12 verschiddenen zeenesche Route verséchert déi am ganzen Land kennen vun Vëlosfuerer ouni Trafic genoss ginn. D’Reegele vum Code de la route mussen awer normal respektéiert ginn.

Fir déi Leit, déi sech wënschen, iwwert e puer Deeg mam Vëlo ze fueren an Transport fir hiert Gepäck brauchen, offréiert iech de Service movewecarry.lu Äert Gepäck gratis vun Logement op Logement ze transportéieren. De 50-Euro-Bong dee wärend der Pandemie verdeelt gouf, kann och fir Ären Hebergement benotzt ginn.

Fir weider Updates a fir méi Informatiounen iwwert verfügbar Routen consultéiert dëse Site a www.velosummer.lu, a profitéiert vun dësem Event egal ob als Hobby mat der Famill oder als semi-professionelle Cyclist.

Informatiounen un d’Cyclisten

  • De Vëlosummer Event leeft vum 31. Juli bis den 29. August.
  • 12 verschidden zeenesche Routen stinn Iech zur Verfügung, a fir weider Updates a Kaarten, consultéiert no an no www.velosummer.lu.
  • D’Iwwernuechten op de respektiven Plazen ass méiglech an dëst och mat de 50 Euro-Bongen, an de Service vun movewecarry.lu steet Iech zur Verfügung.
  • D’Cyclisten mussen natierlech d’Reegelen vum Code de la route respektéieren.