Wann am Joer 1684 en Nuetswiechter bei senger Kontroll op eng Wäschfra um Wee fir heem begéint, verzielen si sech spannend Geschichten… Bei dëser besonnescher Tour am Faakelschäin, mat Schauspiller an zäitgeméisse Kostümer, gitt Dir villes iwwer d’Geschicht an déi kleng Geschichte vu Gréiwemaacher gewuer.  

Informatiounen fir d’Elteren:  

  • D’Streck ass ongeféier e Kilometer laang a fir Poussette gëeegent.  
  • D’Féierung – op Lëtzebuergesch oder op Däitsch – dauert ronn 2 Stonnen. Si kann d’ganzt Joer iwwer fir e Gruppepräis vun 200 Euro (Minimum 4 a Maximum 10 Persoune) gebucht ginn. D’Fakele ginn zur Verfügung gestallt.  
  • Optional kann zousätzlech e Wäischmaachen (5 Euro pro Persoun) oder en Drauwejüschmaachen (3 Euro pro Persoun) ugefrot ginn.  
  • Am Summer gëtt et och fest Féierungen eemol de Mount op engem Samschdeg, wou ee matgoen kann, wann een 10 Euro bezillt (5 Euro fir Kanner vun 3 bis 12 Joer).  
  • Lass geet et bei der Tourist Info, 10, Route du Vin, L-6794 Grevenmacher ëm 19.00 oder ëm 20.00.  
  • Parkplaze gëtt et net wäit ewech, um Parking vum Quai vum Schëff MS Princesse Marie-Astrid.  
  • Wann Dir mam Bus kommt, klammt op den Arrêten “Ënnert der Bréck” oder “Gare Routière” eraus.  
  • Méi zum Thema a Buchungen hei.