Paakt är Gummisstiwwelen an lass geet et un d’Our am Waassererliefneszenter Kaalber Millen. Zesummen ginn d’Larve vun verschiddene Waasserinsekten gesicht, déi ënnert dem Mikroskop genee erfuerscht ginn. Dobäi gëtt een einiges gewuer iwwer hier faszinéierend Liewensweis tëscht Land, Waasser a Loft. De Workshop an der Kaalber Millen fënnt den 29. Juni tëschent 14.30 a 17.00 statt.

Informatiounen fir d’Elteren 

  • Adress: Kaalber Millen, L-9757 Kalborn (Gemeng Clierf).
  • Déi iwwer 200 Joer al Kaalber Millen ass säit 1997 am Besëtz vun natur & ëmwelt – Fondation Hëllef fir d’Natur. Hei ass och d’Muschelzuuchtstatioun fir Séisswaassermuschelen. Méi Informatiounen dozou gëtt et hei
  • Präiss: 5 Euro. De Workshop ass fir Kanner tëschent 6 an 10 Joer konzipéiert. D’Maximalzuel vu Participanten läit bei 10.
  • Umeldung: reception@naturpark-our.lu oder Tel.: +352 90 81 88 1