Déi éischt selwer gebastelt Spillsaach… An dësem Cours ass dat méiglech! D’Designerin Anne-Marie Herckes steet de klenge Participante mat Rot and Dot zur Säit a weist, wéi een e Kuscheldéier ganz einfach selwer maache kann.

De Workshop fënnt e Samschdeg, de 26. Juni vun 10.00 bis 11.30 statt. En ass fir Kanner vu 6 bis 10 Joer bestêmmt.

Informatioune fir d’Elteren

  • De Präis läit bei 22 Euro pro Kand.
  • D’Sprooche si Lëtzeburgesch, Däitsch a Franséisch.
  • D’Umellung ass obligatoresch um Telefon 26 34 73 1; info@khn.lu / www.khn.lu.
  • Méi zum Kulturhaus Nidderaanwen gëtt et hei