D’Kulturhaus zu Nidderaanwen bitt d’ganzt Joer iwwer Workshops fir Kanner un. “Kuscheldéieren selwer maachen”, heescht et den 3. Juli vun 10.00 bis 11.30. D’Designerin Anne-Marie Herckes steet hei de klenge Participanten mat Rot an Dot zur Säit.

Dat ass och de Fall beim Workshop “Déiereposch” de 17. Juli vun 9.30 bis 11.30. D’Anne-Marie Herckes weist hei, wéi een eng Posch, e Portmonni, en ToteBag oder e Rucksak a Form vum Liblingsdéier ganz einfach selwer maache kann.

Den 10. Juli dann fannen am Kader vun der interaktiver Ausstellung “D’Geschicht vun engem Virus” zwee Workshoppen statt (vun 9.00 bis 10.30 a vun 11.00 bis 12.30), bei deenen d’Ofleef am Kierper bei enger Viruserkrankung duerch e modellhaft Spill weider verdéift ginn. Fir dass d’Kanner selwer emol wéi Wëssenschaftler schaffe kënnen, stelle si hiert eegent Desinfektiounsmëttel hir. Zum Ofschloss gëtt mat engem Corona-Quiz dat neit Wëssen op spilleresch Aart a Weis iwwerpréift a verdéift.

Informatiounen fir d’Elteren

  • De Workshop vum 3. Juli ass fir Kanner tëschent 6 an 10 Joer. Käschten: 22 Euro, Material inclus.
  • D’Workshops vum 10. Juli riichten sech u Kanner vun 6 bis 11 Joer. Präis: 20 Euro (Katalog, Material a Fuerscherkit inklusiv).
  • D’Participatioun um Workshop vum 17. Juli kascht 27 Euro Material inclus. Hien ass fir Kanner vun 10 bis 14 Joer geduecht.
  • D’Sproochen bei alle Workshops sinn Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.
  • Inscriptioun:  26 34 731, workshop@khn.lu, www.khn.lu