Ganzer 14 Meter héich ass déi modern Kloterwand an der Jugendherberg Iechternach. Sou ass si optimal gëeegent fir reegelméisseg Klotercoursen a Fräikloteren, ob fir Ufänger, Fortgeschrattener oder Familljen. Och kann op der Plaz Klotermaterial ausgeléint ginn.

An et kann een hei souguer Gebuertsdag feieren mat de Programmer Tarzan (ab 9 Joer) oder Mini-Tarzan (vu 5 bis 8 Joer), bei deenen nieft dem Kuch an dem Fun mat de Frënn och e Kloterabenteuer abegraff ass.

Informatiounen fir d’Elteren

  • Informatioun a Reservatioun: Jugendherberg Iechternach, Chemin vers Rodenhof, L-6487 Echternach, T. (+352) 26 27 66 400, E-Mail: echternach@youthhostels.lu, Web.
  • Déi regulär Entréespräisser fir d’Kloterwand leie bei 8 Euro pro Erwuessenem a 5,5 Euro pro Kand ab 5 Joer (dat ass den Alter ab dem d’Kanner kloteren dierfen). All Detailer zu de Klotertariffer ginn et hei.
  • D’Offer vun de Jugendherbergen fir Kannergebuertsdeeg fënnt een hei
  • Opgepasst: Wéinst de Moossnamen géint Covid-19 ass ëmmer nëmmen eng begrenzten Zuel vu Persounen an der Kloterwand erlaabt. Am beschten also nofroen ier een ureest.