Vum Domaine Mme Aly Duhr aus geet et zesumme mam Alberto a mam Emma, den zwee léiwen Ieselen op engem Deel vun der Traumschleife “Wäin an Naturpad Palmbierg” duerch d’Wäibierger an den natierleche Pällembësch bis héich uewen op de Plateau iwwert dem Palmbierg. Ënnerwee gitt Dir vill Interessantes iwwer déi lëtzebuergesch Wäiner, awer och iwwer d’Stengformatiounen an e puer lieweg a verstengert Déierenaarte gewuer. Um Wee zréck an den Dall gëtt an der Schutzhütt eng Paus ageluecht. Hei kann een bei engem frësche Riesling d’Aussiicht op de Museldall an op d’Dierfchen Ohn, éier een, duerch déi kleng Gaassen a laanscht esou muncht schéint Wënzerhaus, rëm zréck op den Ausgangspunkt kënnt.

Informatioune fir d’Elteren:  

  • Onbedéngt online reservéieren an zwar hei.
  • De Präis fir d’Wanderung ass 11 Euro (fir Kanner tëscht 3 an 12 Joer) a 15 Euro fir Persoune vu méi wéi 12 Joer.  
  • De Start fir d’Wanderung ass beim Domaine Duhr. Parkplaze ginn et beim Kulturzenter, 15, rue de la Résistance, L-5401 Ahn.   
  • Fest Schong sinn onbedéngt néideg.    
  • De Wee ass ronn véier Kilometer laang. Fir Kannerkutschen ass d’Streck net gëeegent.   
  • D’Iesele wanderen mat der Grupp, si sinn net ausgebilt fir drop ze reiden oder Laaschten ze droen. Nëmme gutt erzunnen Hënn däerfen – an der Léngt – mat der Grupp goen a mussen Ofstand zu den Ieselen halen.  
  • Wann et déck reent, da fält d’Wanderung aus.   
  • Déi ganz Traumschleife Wäin- an Naturpad Palmberg Ohn ass ronn 9 Kilometer laang. Hei ginn et méi Informatiounen.