Stroossekonscht, Concerten, e viktorianesche Maart, Steampunk-Kostümer an historesch Damplokomotiven: D’„Steampunk Convention Anno 1900“ ass erëm do! De faarwege Spektakel geet de 24. a 25. September am „Minett Park“ am Fond-de-Gras iwwert d’Bün. Déi historesch Plaz aus der Zäit vum Biergbau bitt eng aussergewéinlech Kuliss fir d’Fest, dat elo schonns säin 10. Jubiläum feiert.

Weider Informatiounen