An dësem zäitgenësseschen Concert-Spectacle den 21. an 23. November am “Mierscher Kulturhaus” invitéieren véier Museker an eng Dänzerin Bëbeeën, Kanner a Familljen un engem passionanten Hommage un d’Beatles deelzehuelen. Et ass eng eenzegaarteg visuell a sonor Erfarung, bei der de Public invitéiert gëtt, mat Perkussiounsinstrumenter matzemaachen. Bougéieren, mat de Kënschtler interagéieren, sangen an danzen: alles ass erlaabt.

Méi Informatiounen

  • Et ass e Spektakel fir Kanner vun 0 Joer un an en dauert 35 Minutten.
  • Plaze sinn nach fräi den 21. November fir d’Opféierung vu 15.00 an den 23. November och um 15.00.
  • Adress:  Mierscher Kulturhaus, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, L – 7520 Mersch
  • Dëse Spektakel gëtt am Kader vum Programm CAKU (CAPE Ettelbruck & Mierscher Kulturhaus) proposéiert. All Detailer op www.caku.lu 
  • Billjeeën: 12 Euro fir Erwuessener, 6 Euro reduzéiert an 1,5 Euro mam Kulturpass.
  • Reservatioun:  iwwer Telefon um +352 47 08 95 1 – luxembourgticket.lu