Rendezvous den 8. Dezember um 18.30 am Kulturhaus Nidderaanwen fir eng flott Performance vun de Schülerinnen a Schüler vun der regionaler Museksschoul zu Nidderaanwen. Wärend der traditioneller Chrëschtdags-Auditioun presentéieren d’Kanner zesumme mat hiren Enseignantë d’Resultater vun hir Beméiungen. Sécher wäert et si weider usporne, wa vill Leit si lauschtere kommen.

Méi Informatiounen

  • Adress: 145, route de Trèves, L-6940 Niederanven
  • Den Entrée ass fräi, mee et muss ee reservéieren: 26 34 731, info@khn.lu. Pro Kand däerfe just zwou Persounen eran.
  • Dëst ass e CovidCheck-Event.