A Collaboratioun mat Esch2022 – Europäesch Kulturhaaptstad presentéiert de Rocklab de BOOMBOOM, en elektronesche Concert fir Kanner. D’Spectateure kënne mat all hire Sënner eng eenzegaarteg Erfarung maachen: Animéiert artistesch Representatiounen, déi um groussen Ecran projezéiert a vun Toun a Musek begleet ginn, e Musekertrio, dee mat Rhythmuskëschten, Synthesizer an Effekter de Sall zum vibréiere bréngt an en Technikerduo, deen de ganze Raum a Stëmmung versetzt.

Dës interaktiv an nei Virstellung ass vum Kollektiv Kogümi vu Lyon (Frankräich) kreéiert ginn, fir de jonke Public op musikalesch Stréimungen an e puer Tounparameteren ze sensibiliséieren. Och wann dëst Event op de méi jonke Public zougeschnidden ass, kann et och fir déi erwuesse Begleetpersounen eng interessant Erfarung sinn!

Méi Informatiounen

  • Den 3. Abrëll 2022 um 15.00 (d’Diere ginn um 14.30 op).
  • De ganze Spektakel dauert ongeféier 50 Minutten.
  • Fir Kanner ab 6 Joer.
  • Den Entrée fir Kanner kascht 6 Euro, Erwuessener bezuelen 12,60 Euro.
  • Fir weider Informatiounen zu dësem Concert, consultéiert de Site vun der Rockhal hei.