De „Festival International de la Bande Dessinée“ kënnt de 15. a 16. Juli vun 10.00 bis 19.00 op Conter zréck fir eng 29. Editioun. E groussen Deel vum Programm ass fir déi Kleng mat kreativen Atelieren an Aktivitéiten dobaussen wéi e Sprangschlass a Form vum Superjhemp. Mam Kidspass kënnen d’Kanner op deene verschidde Stänn Stempele sammelen an esou d’Welt vun der BD entdecken.
Méi Informatiounen
- D’Entrée ass fräi fir Kanner ënner 12 Joer a vir d’Awunnerinnen a Awunner vun de Gemenge Conter, Weiler-la-Tour, Schëtter, Hesper a Nidderaanwen. Fir déi aner Persounen kascht d’Entrée 3 Euro am Dag.
- Parkplaze sinn net wäit ewech vum Festival disponibel.
- Méi Informatiounen: www.bdcontern.lu