Véier couragéiert Déieren maache sech op de Wee op Bremen. Den alen Iesel fënnt, dass e laang genuch déi schwéier Säck beim Mëller gedroen huet. Elo gëtt et Zäit fir dee méi spaassegen Deel vum Liewen. Elo wëll e säi Fudder als Musikant verdéngen. Ënnerwee an déi grouss Stad begéint en engem ale Juegdhond, deen e fantastesche Hauler ass. Fir hiert Gléck feelen just nach eng gemittlech Kaz an en Hunn mat enger gewalteger Stëmm… De “Westfälisches Landestheater” bréngt d’Märchen den 19. Juni um 16.00 op d’Bün vum CUBE 521 zu Maarnech.

Weider Informatiounen