Aus „Back to the Books“ gëtt „Graffiti Can’t Fail“! Si ännert vläicht hiren Numm, mee dëse Battle mat Spray op Panneauen bleift den onëmgängleche Rendezvous fir Graffiti-Kënschtler an Auteuren op der Sich no engem eenzegaartege Format. 24 Kënschtler, déi all virdru vun engem Jury bei enger Sketch-Battle online am Mee preselektionnéiert goufen triede géintenaner um Parvis vun de Rotonden un.
Méi Detailer op www.rotondes.lu.